Präisiwwersiicht

Aarbechten an Auteure sinn eenzegaarteg, entspriechend individuell gëtt eis Offer Ärer Demande ugepasst. KorrekturEck Sàrl-S bitt fix Präisser a Livraisounstermäiner. Optional steet en Express-Service fir Noutfäll zur Dispositioun (weider Informatiounen heizou fannt dir an der Präislëscht). Bei Demandë vu méi groussen Opträg an och bei Studentenaarbechte komme mir eise Clientë präislech gären entgéint. Déi follgend Präisser dénge just als Riichtwäert. Explikatiounen zu de verschiddene Leeschtunge fannt dir an der Rubrik Servicer.

Korrekturliesen 
Allgemengt Korrektorat9 € pro Normsäit
Allgemengt Lektorat10 € pro Normsäit
Textredaktioun, Redigéieren12 € pro Normsäit
Publicitéitslektorat13 € pro Normsäit
Literaturlektorat10 € pro Normsäit
Buchlektorat10 € pro Normsäit
Iwwersetzungslektorat15 € pro Normsäit
Iwwersetzungen5,50 € pro Normzeil
Werbemëttel13 € pro Fläch
Korrektorat Studentenaarbechten5 € pro Normsäit
Lektorat Studentenaarbechten7 € pro Normsäit
  
Aner Leeschtungen 
Textformatéierung10 € pro Normsäit
Textformatéierung a Kombinatioun mat Korrektorat/Lektorat2 € pro Normsäit
Layout, Typografie10 € pro Normsäit
PPT-Service10 € pro Normsäit
Transkriptioun vun Audio-Dateien4,50 € pro Minutt
Testliesung (bis 5.000 Wörter)40 €
Testliesung (bis 10.000 Wörter)70 €
Testliesung (bis 50.000 Wörter)120 €
Video-Ënnertitel & Bildënnerschrëften7 € pro Minutt
4-Augen-Korrektorat12 € pro Normsäit
  
Zousätzlech Déngschtleeschtungen 
Express-Beaarbechtung 12 Stonnen (just fir Audio-Dateien)50 % Zouschlag
Express-Beaarbechtung 24 Stonnen50 % Zouschlag
Express-Beaarbechtung 48 Stonnen30 % Zouschlag
Déngschtleeschtung iwwer Nuecht, u Feierdeeg oder iwwer de Weekend50 % Zouschlag

Informatiounen zum Bezuelvirgang

Accompte

Wann Dir en neie Client sidd oder bei méi groussen Opträg bied KorrekturEck Sàrl-S Iech ëm e vollstännegen oder deelweisen Accompte.

Rechnungszoustellung

Als Entreprise oder Client ausserhalb vun der EU kritt Dir vu KorrekturEck Sàrl-S automatesch bei all Optrag eng Rechnung. Aus Comptabilitéitsgrënn brauche mir dowéinst scho beim Mandat fir den Optrag Är komplett Postuschrëft an Äert Gebuertsdatum. Falls net anescht ausgemaach, kritt Dir vu KorrekturEck Sàrl-S eng Rechnung am PDF-Format per E-Mail zougeschéckt.

Privat wéi och Geschäftscliente bannent der EU an zu Lëtzebuerg kréie vu KorrrekturEck Sàrl-S eng Rechnung am PDF-Format mam finale Montant an eise Bankdate per E-Mail zougeschéckt.

Studenten-Tarif

Studentenaarbechte genéisse grousse Stellewäert bei KorrekturEck Sàrl-S. Fir Studenten de Start an d’Studenteliewen ze erliichteren, gëlle fir Studentenaarbechte speziell Tariffer bei hire Semester- oder Ofschlossaarbechten. Fir Studenten ass d’Formatéierung an eng Iwwerpréiwung vum Layout vum Text am Präis mat abegraff. Déi eenzel Tariffer fannt Dir uewen an der Präislëscht.

Wéi ginn eis Präisser berechent?

De Mindestwäert bedréit 50,00 EUR.

Eng Normsäit entsprécht 1.500 Zeechen, eng Normzeil 55 Zeechen, ëmmer mat Espacen. Esou ass eng gerecht a vergläichbar Ofrechnung méiglech, déi sech just op de beaarbechten Text beschränkt. Biller oder Grafike ginn net matgezielt. Och de Layout (Textgréisst, Randofstand, Foussnouten, etc.) spillt fir dës Berechnung keng Roll. Et bleift unzemierken, dass esou eng standardiséiert Säiten- resp. Zeilenzielung meeschtens net mat den ugewisene Säiten oder Zeeche vun Textveraarbechtungsprogrammer (OpenOffice, MS Word) iwwereneestëmmt.

An alleguer eise Präisser ass déi gesetzlech TVA scho mat agerechent. Bei allen ugebuedenen Déngschtleeschtunge fält de lëtzebuergesche Steiersaz vu 17% un.

Portokäschten

Am Normalfall verschéckt KorrekturEck Sàrl-S déi vun eis erstallten oder beaarbecht Fichieren op elektroneschem Wee per E-Mail oder iwwer d’Plattform WeTransfer als Download-Link. An dësem Fall ass d’Liwwerung natierlech gratis.

Wann e physesche Versand noutwenneg oder vum Client explizit gewënscht gëtt, stellt KorrekturEck Sàrl-S déi ufalend Portokäschten a Rechnung. Iwwer d’Héicht vun dëse Käschten informéiere mir eis Clienten am Viraus, sou wäit se virdru bekannt oder an Erfarung bruecht kënne ginn.