Startsäit

Wëllkomm bei KorrekturEck.

Studenten & Fortbildender

Studente genéisse bei Korrektur-Eck Sàrl-S héicht Ugesinn, well si déi zukünfteg Ingenieuren, Enseignanten, Informatiker, Wësseschaftler, Entrepreneuren, asw. Duerstellen. Dohir erhale si eng generéis Remise op d’Beaarbechtung vun hire Studentenaarbechten. An de Genoss vun dësem Tarif kommen och Persounen, déi eng Fortbildung beleeën.

D’Offer fir Studenten a Fortbildender beinhalt e Korrektorat an e Lektorat vun der agereechter Aarbecht, an ausserdeem ass d’Formatéierung vum Text an eng Iwwerpréiwung vum Layout am Präis mat abegraff. Mir bieden d’Studente allerdéngs ëm ausféierlech Detailer zur Formatéierung an zum Layout (Zeilenofstand, Rand, Inhaltsverzeichnis, asw.) bei der Areechung vun der Aarbecht. KorrekturEck Sàrl-S iwwerhëlt keng Responsabilitéit fir eng korrekt Uwendung vun Zitater a Foussnouten an enger Aarbecht. D’Detailer fannt Dir an der Tabell an der Rubrik Präisiwwersiicht.

Allgemengt Korrektorat

En allgemengt Korrektorat beinhalt d’Iwwerpréiwung vun der orthografescher an der grammatikalescher Schreifweis vun engem Text. Heibäi. gi Rechtschreiwung, Stil, Interpunktioun an Inhalt op hir Richtegkeet iwwerpréift a Feeler korrigéiert. En allgemengt Korrektorat ass d’Basis für all Zort vun Texter – journalistesch Texter, Zeitungsartikelen, Publicitéiten, Brochuren. Näischt ass méi frustréierend wéi uschléissend festzestellen oder matgedeelt ze kréien, dass e Feeler an enger Publikatioun steet.

En allgemengt Korrektorat bedarf jee no Aarbechtsëmfank 1-3 Deeg. Et besteet och d’Méiglechkeet Texter a Studentenaarbechten per Express-Beaarbechtung bannent 24 Stonnen oder iwwer de Weekend korrigéieren ze loossen. D’Detailer dozou fannt Dir an der Tabell an der Rubrik Präisiwwersiicht.

Allgemengt Lektorat

En allgemengt Lektorat beinhalt d’Eenzelheete vun engem Korrektorat, wéi och d’Stilverbesserung vum agereechten Text. Duerch d’Ëmgestaltung resp. d’Ëmschreiwe vun engem Saz, kann en Text méi däitlech a méi sënnhafteg wierken wéi a senger ursprünglecher Form. Zu engem Lektorat gehéieren och Umierkungen, wann eng Aarbecht bspw. vum Theema ofwäicht oder weider Erklärungen zu engem Aspekt vun der Aarbecht néideg sinn. Heibäi bleiwe souwuel d‘Substanz wéi och de Contenu vum Text onugetaascht.

En allgemengt Lektorat bedarf jee no Aarbechtsëmfank 1-5 Deeg. Et besteet och d’Méiglechkeet Studentenaarbechen (just Hausaarbechten & Bacheloraarbechten) per Express-Beaarbechtung bannent 48 Stonnen oder iwwer de Weekend lektoréieren ze loossen. D’Detailer dozou fannt Dir an der Tabell an der Rubrik Präisiwwersiicht.

Iwwersetzungen

KorrekturEck Sàrl-S bitt aktuell Iwwersetzungslektorater an däitscher a Lëtzebuerger Sprooch un. Mir iwwersetze franséisch an englesch Texter an dat Däitscht an/oder an dat Lëtzebuergescht.

En Iwwersetzungslektorat beinhalt d’Eenzelheete vun engem allgemenge Lektorat, zousätzlech gëtt nom Ofschloss d‘Iwwersetzung mam Original ofgeglach an déi final Versioun un de Client iwwermëttelt. Iwwersetzungslektorater brauche jee no Aarbechtsëmfank e puer Deeg. Bei engem méi séiere Bedarf bitt KorrekturEck Sàrl-S fir Iwwersetzungslektorater eng Express-Beaarbechtung bannent 48 Stonnen oder iwwer de Weekend un. D’Detailer fannt Dir an der Tabell an der Rubrik Präisiwwersiicht.