Transkriptioun vun Audio-Dateien

KorrekturEck Sàrl-S bitt de Service vun enger Transkriptioun vun Audio-Dateien un. Transkriptioune sinn e wichtege Bestanddeel vu Studentenaarbechten, wësseschaftleche Projeten oder der Verschrëftlechung vun Dialogen. Besonnesch bei enger Aarbecht hëlt d’Transkribéiere vill Zäit an Usproch. Fir sech op de Kär vun der Aarbecht fokusséieren ze kënnen, bidde mir Studenten, Wësseschaftler an allen anere Persounen dëse Service an de Sproochen Däitsch a Lëtzebuergesch un. D’Detailer fannt Dir an der Tabell an der Rubrik Präisiwwersiicht.