Allgemengt Lektorat

En allgemengt Lektorat beinhalt d’Eenzelheete vun engem Korrektorat, wéi och d’Stilverbesserung vum agereechten Text. Duerch d’Ëmgestaltung resp. d’Ëmschreiwe vun engem Saz, kann en Text méi däitlech a méi sënnhafteg wierken wéi a senger ursprünglecher Form. Zu engem Lektorat gehéieren och Umierkungen, wann eng Aarbecht bspw. vum Theema ofwäicht oder weider Erklärungen zu engem Aspekt vun der Aarbecht néideg sinn. Heibäi bleiwe souwuel d‘Substanz wéi och de Contenu vum Text onugetaascht.

En allgemengt Lektorat bedarf jee no Aarbechtsëmfank 1-5 Deeg. Et besteet och d’Méiglechkeet Studentenaarbechen (just Hausaarbechten & Bacheloraarbechten) per Express-Beaarbechtung bannent 48 Stonnen oder iwwer de Weekend lektoréieren ze loossen. D’Detailer dozou fannt Dir an der Tabell an der Rubrik Präisiwwersiicht.