Testliesungen

Verbessert Äert Manuskript mam Feedback vun erfuerenen Testlieser. Dëse Service vu KorrekturEck Sàrl-S bitt dem Client d’Méiglechkeet e bevirstoende Virtrag op Häerz an Niere préiwen ze loossen a Feedback ze kréien, watfir Passagë verännert sollte ginn a wou lescht Handgrëffer virgeholl gi mussen. Mir hëllefe mam Client zesummen un der Ausaarbechtung vun der perfekter Ried. D’Testliesunge kënne vu kuerze Presentatiounen iwwer wësseschaftlech Virträg an Exposéë viru groussem Public bis zu Manuskripte fir Themenowenter goen. Dëse Service gëtt op Däitsch a Lëtzebuergesch ugebueden.