Videoënnertitel & Bildënnerschrëften

Et gëtt vill Programmer zur Erstellung vu Video-Ënnertitelen, awer dat mënschlecht Gehier ass a bleift déi villsäitegst an upassungsfäegst Maschinn. KorrekturEck Sàrl-S bitt dëse Service an däitscher a Lëtzebuerger Sprooch un an iwwerhëlt, wa vum Client gewënscht, och d’Iwwersetzung aus dem Franséischen an/oder Engleschen. Heibäi falen zousätzlech Käschte fir d’Iwwersetzungsaarbecht un; dës ginn am Virfeld mam Client ofgeschwat.

E weidere Service vu KorrekturEck Sàrl-S ass d’Konzipéierung vu passgeneeë Bildënnerschrëften, fir dass Biller den dozougehéieregen Text esou vollstänneg a verständlech wéi méiglech erëmginn. Mir hëllefe Clienten och gär bei der Gestaltung vu Bildënnerschrëfte fir hir Konten op de sozialen Netzwierker. Dëse Service gëtt an däitscher a Lëtzebuerger Sprooch ugebueden.