Präisbeispiller

Korrekturliese (Rechtschreiwung, Zeechesetzung, Grammatik) vun engem journalisteschen Text am Ëmfang vun 10 Normsäiten:

9,00 EUR/ Normsäit x 10 Normsäiten = 90,00 EUR TTC

Lektorat vun enger Bacheloraarbecht am Ëmfang vu 50 Normsäiten:

7,00 EUR/Normsäit x 50 Normsäiten = 350,00 EUR TTC

Lektorat an Iwwersetzung vun enger Dissertatioun am Ëmfang vu 100 Normsäiten:

12,00 EUR/Normsäit x 100 Normsäiten = 1.200,00 EUR TTC

Iwwersetzungslektorat vun enger Publicitéitsbrochure op Däitsch (Ofgläich mam Original mat abegraff), Ëmfang 40 Normsäiten:

13,00 EUR/Normsäit x 40 Normsäiten = 520,00 EUR TTC

Iwwersetzung vun engem Website-Text op Lëtzebuergesch (Ofgläich mam Original mat abegraff), Ëmfang 50 Normzeilen:

5,50 EUR/Normzeil x 50 Normzeilen = 275,00 EUR TTC

Transkriptioun vun enger Audio-Datei am Ëmfang vun 30 Minutten:

4,50 EUR/Minutt x 30 Minutten = 135,00 EUR TTC

Portokäschten

Am Normalfall verschéckt KorrekturEck Sàrl-S déi vun eis erstallten oder beaarbecht Fichieren op elektroneschem Wee per E-Mail oder iwwer d’Plattform WeTransfer als Download-Link. An dësem Fall ass d’Liwwerung natierlech gratis.

Wann e physesche Versand noutwenneg oder vum Client explizit gewënscht gëtt, stellt KorrekturEck Sàrl-S déi ufalend Portokäschten a Rechnung. Iwwer d’Héicht vun dëse Käschten informéiere mir eis Clienten am Viraus, sou wäit se virdru bekannt oder an Erfarung bruecht kënne ginn.