Wat ass eng Normsäit?

Eng Normsäit entsprécht 1.500 Zeechen, eng Normzeil 55 Zeechen, ëmmer mat Espacen. Esou ass eng gerecht a vergläichbar Ofrechnung méiglech, déi sech just op de beaarbechten Text beschränkt. Biller oder Grafike ginn net matgezielt. Och de Layout (Textgréisst, Randofstand, Foussnouten, etc.) spillt fir dës Berechnung keng Roll. Et bleift unzemierken, dass esou eng standardiséiert Säiten- resp. Zeilenzielung meeschtens net mat den ugewisene Säiten oder Zeeche vun Textveraarbechtungsprogrammer (OpenOffice, MS Word) iwwereneestëmmt.

An alleguer eise Präisser ass déi gesetzlech TVA scho mat agerechent. Bei allen ugebuedenen Déngschtleeschtunge fält de lëtzebuergesche Steiersaz vu 17% un. De Mindestwäert bedréit 50,00 EUR.