4-An-Korrektorat

Exklusiv fir Studenten a Fortbildender a fir Publicitéiten (Brochuren, Annoncen, Flyeren) bitt KorrekturEck Sàrl-S d’Format vun engem 4-An-Korrektorat un. Bei dësem Service handelt et sech ëm eng Aart Ofsécherung fir eis Clienten, vu dass den Text vu 4 An iwwerpréift gëtt; quasi en Netz mat duebelem Buedem.

Selbstverständlech verschaffe mir och en allgemengt Korrektorat mat gréisstméiglecher Suergfalt an Akribie. Bei méi laangen Dokumenter, usprochsvollen Texter oder no erhéichtem Aarbechtspensum besteet awer d’Gefor, dass och bei eise geüübste Korrektoren iergendwann d’Opmierksamkeet noléisst. Hei bedarf et ënner Ëmstänn zur Sécherheet enger weiderer Kontroll, fir och nach déi lescht Tippfeeler auszemaachen.

Mir bidden eise Clientë mam 4-An-Korrektorat eng Textiwwerpréiwung, déi och bei duebeler Iwwerpréiwung eng méiglechst zäitno Liwwerung erlaabt. D’Detailer fannt Dir an der Tabell an der Rubrik Präisiwwersiicht.